An der Allerheljevakanz waren mir matt 43 Kanner an Sprangschlass Arena zu Keespelt. Sie konnten hei an enger Haal voller Sprangschlässer sprangen, spillen an sech austoben. Sie waren duerno och alleguer gutt midd 😉

En Dënsden hunn mir zesummen mam Black Star Miersch en Schnupperstage am Basket organiseiert. Vun den 10 Kanner dei matt waren huet sech direkt 1 am Veräin ugemellt. Et huet den Kanner gutt gefall, nach engkeier villmols merci un den Black Star Mersch!

Freides haten mir matt Cycle 1 an Cycle 2 eng flott Schwammaktiviteit an der Piscine Krounebierg. Den Cycle 3 an Cycle 4 huet um Multisport-Turneier zu Hesper mattgemach, wou sie eng exzellente 4. Platz gemach hun. Hei och nachengkeier een grouße Merci un “Hesper Beweegt Sech“!