Author: Fit Kanner Miersch (Page 1 of 2)

Allerhellegen 2018

D’Fotoen vun den Aktivitéiten an der Allerhellegen Vakanz fannt dir an eiser Fotogallerie!

Spillfest 2018

Den 20. Oktober war Éditioun 2018 vun eisem traditionellen Spillfest. D´Kanner hun sech zesummen matt den Elteren gutt amuséiert. Ob der Slackline balancéiren, eng Kessenschlacht oder um Sprangschlass sprangen, sie konnten alles ausprobéieren..

 

Mir soen Iech Merci fir den flotten Nometteg, an mir freen eis ob dat nächst Joer!

2018/2019

D’Ekipp vun Fit Kanner Miersch freet sech ob d’Schouljoer 2018/2019.
Eis Kueren fenken den 24. September un!

Dir kennt Iech hei fir d’Kueren umellen: Inscription

 

Päischtvakanz 2018

An der Päischtvakanz war Fit Kanner Miersch ob Iechternach matt 20 Kanner an eng Sportskolonie. Mir waren matt den Kanner klammen, mir hun Beachvolleyball gespillt an sin um Trampolin gesprong. Den zweeten Dag waren mir d’Kuelscheier besichtegen, eng 100m lang Fielsenschlucht dei stackdeischter ass. D’Fotoen vun der Kolonie fannt dir an eiser Fotogallerie.

Matt denen Klengen waren mir Mamerlayen kuken. Sie hun missen duech deischter Höhlen krauchen an hun zum Schluss nach en Piratenschatz fonnt.

Um leschten Dag vun der Vakanz stoungen Velos-Aktivitéiten um Programm. Dei Grouss sin mam MTB duerch den Besch gefuer an dei Kleng ob der Velospiste.

All d’Fotoen fannt dir an eiser Fotogallerie.

 

Vacance de Postes

Tour de Lëtzebuerg

FOTOGALLERIE

Ouschtervakanz 2018

An der Ouschtervakanz haten mir dest Joer nees eng ganz Reih flott Aktivitéiten.
Densdes huet eis den Klammspann Ettelbruck eng flott Klamm-Aktivitéit organiseiert. Hei kruten sie gewisen, wei een den Gurt undeet, wei een den Achter-Knuet mecht an wei een aner Leit sechert. Zwee an Zwee sinn sie geklomm an hun sech geigenseiteg gesechert. Sie hun sech gutt geschlo an sin wieklech immens gutt geklomm. Den Freiden haten mir eng Reit-Aktivitéit, dei wei all Joers immens gutt bei den Kanner ukomm ass. Insgesamt waren et 30 Kanner dei matt dabei waren. Sie konnten Pärd botzen, fidderen, den Suedel undoen an natielech och reiden.

 

An der zweeter Woch waren mir matt 37 Kanner ob Veianen an den Kloterpark. Wei all Joer hunn Kanner sech hei gutt amuseiert.

Zesummen matt denen klengen Kanner vun der Maison Relais hun mir am Mierscher Park eng Schatzsuche gemach.
Matt Hellef vum GPS hun sie dei verschidden Schätz gesicht, alleguer fonnt an och alles giess 😉 Dest Joer haten mir och 1 Ekipp beim Völkerball-Tournoi vum Sportkrees Atert dabei. Sie hunn sech gutt geschloen an konnten eng gutt 6. Platz ereeschen.

 
Um Enn vun der Vakanz konnten dei Kleng nach alles austesten wat Rieder hatt an rullen konnt (z.b. Trotinetten, Flitzi..).
Fir dei Grouss haten mir nach 2 Schnupperstagen. Emol mam Handball Club vun Miersch an emol mam Squash Club Ettelbruck. Beim Handball waren mir zesummen matt engem Grupp vun der Maison Relais zu insgesamt 17 Kanner. Mir soen dem Handball nachengkeier villmols Merci fir dei flott Aktivitéit. Fir all d’Kanner war et dei eischte Keier wou sie Squash gespillt hun. Sie kruten vum Trainer gewisen wei een d’Raquette hält, wei een en “Drive” oder en “Drop” spillt an zum Schluss hun sie nach Matcher gespillt. Och hei nach engkeier en groussen Merci un den Squash Club Ettelbruck.

 

 

 

 

Hei fannt dir all Fotoen vun der Ouschtervakanz: Fotogallerie

Gym Open 2018

Fuesvakanz 2018

An der Fuesvakanz haten mir nees flott Vakanzenaktiviteiten. Mettwochs waren mir matt 18 Kanner an Piscine Krounebierg, wou sie rutschen, planschen an spillen konnten.

Wei all Joers an der Fuesvakanz stoungen och nees eis Wantersportaktivitéiten um Plang. Donneschdes waren mir matt 45 Kanner ob Schlittschungspiste Beaufort. Et huet immens Spaß gemach. Och d’Kanner dei fir d’eischte Keier dabei waren hun sech gutt geschloo!

Zu Amnéville waren mir matt 35 Kanner. Och hei waren vill Kanner dabei, dei nach nie Ski gefuer sin. Sie hun awer immens schnell geleiert an konnten zum Schluss och den Bierg alleng erof fueren. D’Kanner dei schon fueren konnten, hun sech um groussen Bierg gutt amuseiert!

D’Fotoen vum Ausfluch fannt dir hei: Fotogallerie Fuesvakanz 2018

Ice Skating Show

Dest Joer war Fit Kanner Miersch dei eischte Keier zu Beaufort “Ice Skating Show” kukn. Et war eng super Show!

 

 

 

Page 1 of 2

Powered by WordPress & Theme by Anders Norén