Skip to main content

Fit Kanner Miersch

Historique


Am Joer 2009 ass d´a.s.b.l. Fit Kanner Miersch als Kooperatioun vun der Sportskomissioun Miersch an dem Sportministère gegrënnt ginn. Bis haut huet sech dëse Projet ëmmer weider entwéckelt. Mëttlerweil sinn eng 250 Kanner tëschent 3 an 12 Joer aus der Gemeng Miersch an Ëmgéigend ugemellt. An Zesummenaarbecht mat den Mierscher Sportveräiner (FC Marisca, Handball Club 75, Black Star Mersch, Dëschtennis Recken, Judo@Mersch, Tennis Club Miersch, Klamm Klub Uelzechtdall, Mierscher Turnveräin, Trailhunters Luxembourg) bidde mir geleegentlech Schnupperkuere fir d'Kanner un. Dëst gëtt hinnen d'Méiglechkeet nei Sportarten kennen ze léieren a fir sech ze entdecken.

Logo Fit Kaner Miersch

Eis Ziler


  • d'Motorik vun de Kanner verbesseren
  • d’Kanner vir de Sport begeeschteren

  • d'Kanner motivéieren fir langfristeg an e Veräin ze goen

Kanner dei Sport machen...:

  • fannen nei Kollegen
  • sinn méi selbstsecher
  • hunn eng besser Haltung
  • reduzéieren hire Risiko iwwergewiichteg ze gin

  • léieren nei Grenzen ze iwwerwannen

  • léieren gewannen an och verléieren

Eis Aktivitéiten


D'Aktivitéite bei Fit Kanner Miersch variéiere reegelméisseg a sinn dem Alter ugepasst, sou dass d'Kanner vill verschidde Sportaarte kenneléieren, déi an hire Méiglechkeete leien. Matt deene Klengen (3-6 Joer) maache mir vill Koordinatiounsparcours'en, kleng Spiller mat an ouni Ball um Airtramp oder Waasserspiller an der Schwämm. Vir déi Grouss (ab 7 Joer) bidde mir Mannschaftsportaarten an Eenzelsportaarten, grad sou wéi och nei Sportaarten un.

An de Vakanze maache mir extra Ausflich, wei z.b. Schlittschong, Ski fueren, kloteren oder Schnupperstage mat de Mierscher Sportveräiner.

Zesummenaarbescht Fit Kanner Miersch & Inter-Actions


Fit Kanner Miersch ënnerstëtzt Inter-Actions mat sportlechen Atelieren mat an ouni Ball, déi all Freides an der Maison Relais Krounebierg an all Donneschdes an der Maison Relais Nic Welter an der Mëttesstonn stattfannen. Déi ugebueden Aktivitéite sinn z.b. Zeitparcours'en, Spiller mat Ball, Trottinetten, Boxen, Barren oder Trampolin. Während de Summeraktivitéite proposéiert Fit Kanner Miersch de Kanner vun der Maison Relais vereenzelt sportlech Aktivitéiten.

Eis Partner


An Zesummenaarbecht mat de Mierscher Sportsveräiner bidde mir de Kanner reegelméisseg Schnupperstagen un.

Esou kennen d´Kanner déi verschidde Sportaarte kenne léieren a kréien een Abléck an den Trainingsoflaf.

Wann si Spaß un der Sportaart hunn, hunn d'Elteren Méiglechkeet direkt sur Place Kontakt mat den Trainere vum Veräin opzehuelen.

Kontakt


FIT KANNER MIERSCH a.s.b.l.
BP 93 – L-7501 Mersch
Tél: 32 50 23 255
GSM: 691 854 372
E-mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Logo Fit Kaner Miersch