Aktivitéiten

D’Aktivitéiten bei Fit Kanner Miersch variéiren regelméisseg a sinn dem Alter ugepasst, sou dass d’Kanner vill verschidde Sportarten kenne léiren, déi an hiere Méiglechkeete leien. Sou kennen sie rausfannen waat hinnen am Beschte gefällt.
Mat deene Klengen (3-6 Joër) mache mir vill Koordinatiounsparcourse, kleng Spiller mat an ouni Ball oder Waasserspiller an der Schwämm.
Vir déi Grouß (ab 7 Joër) bidde mir Mannschaftsportarten an Eenzelsportarten grad sou wéi och nei Sportarten (Headis, Slackline) un.

An de Vakanzen mache mir méi extra Aktivitéiten, wie Schlittschong oder Ski fueren, kloteren, wanderen etc.
Um Schluss vum Schouljoër organiséire mir zesummen mat der Maison Relais Krounebierg d’Summeraktivitéiten.