Fuesvakanz 2017

An der Fuesvakanz waren mir mat den Kanner an den Wantersport. Mir waren Schlittschong fueren, Ski fueren an ob den Krounebierg an Schwämm.

Méindes waren mir ob Beaufort Schlittschong fueren. Fir verschidden Kanner war et déi éischte Kéier um Eis, mee si hunn dat super gemaach an konnten zum Schluss och schonn bal alleguer ouni Hëllef fueren. Am Bus fir Heem waren si dann och alleguer gutt midd 😉

Dënschdes waren mir mat 22 Kanner ob Amnéville an Snowhall Ski fueren. Och hei war et fir vill Kanner déi éischte Kéier, wou si ob Ski stoungen. Och hei hunn si sech no bëssen probéieren gutt geschloe an sinn den Bierg eleng erof gefuer. Mir freeën eis alleguer ob dat nächst Joer!

Mëttwochs sinn mir mat den Kanner ob den Krounebierg an Schwämm gang. Mir sinn geschwommen, mir hunn gespillt an mir waren natierlech ob Rutschbahn.

Nach eemol villmools Merci un d’Elteren déi eis gehollef hunn an sou een reiwungslosen Oflaf vun den Aktivitéiten erméiglecht hunn!

Allerheljevakanz 2016

An der Allerheljevakanz hate mir niewt der beléiwte Visite vum YOYO-Park och nach e Schnupperstage mam Judo an ee mam Handballclub zu Miersch. De Judo huet super flott Spiller mat de Kanner gemach an si konnten uerdentlech rolzen. Si hun sech immens gudd druginn an et huet ee gesinn dass sie Spass haten. Mir hoffen, dass deen een oder aneren Loscht krut dee flotte Sport mi no kennen ze léiren.

Och eise Metteg beim Handball war super. Et war flott organiséiert mat villen Hellefer vum Verain an d’Kanner konnten a verschiddenen klengen Atelieren den Handball besser kenne léiren. Dono, vir de Match Letzebuerg-Israel hun si sougur duerften mat de Spiller op den Terrain alaafen.

Mir soen dem Judo@Mersch an dem Handball Club Miersch 75 villmols Merci vir die flott Aktivitéiten.

Summeraktivitéiten an Ofschlossfest 2016

Vum 18. bis den 29. Juli hate mir zesummen mat der Maison Relais Krounebierg d’Summeraktivitéiten organiséiert. Dest Joer hate mir Rekordzuelen, vir verschidden Deeg waren iwwer 140 Kanner ugemellt. Dovir ginn et och vun den Aktivitéiten kaum Fotoen, et war einfach keng Zait… 😉

Mam Ofschlossfest sinn d’Summeraktivitéiten a glaichzaiteg och d’Schouljoer 2015/16 op en Enn gang. Mir soen den Kanner, den Eltren an de Maison Relais’en villmols Merci vir daat flott Joer an die gudd Zesummenarbecht. Insgesamt haten dest Joer ronn 400 Kanner mindestens eemol bei Fit Kanner Miersch matgemach!

Daat ganz Fit Kanner Miersch Team seet Merci vir daat super Joer!

 

 

Aktivitéiten Paischtvakanz 2016

An der Paischtvakanz ware mir op den Hunnebuer reiden. D’Pärd waren gedelleg an d’Kanner begeeschert 🙂 Vir verschidde Kanner war et di éischt Kéier wou si op engem Pärd soutzen. Et huet hinnen all gefall a mir soen dem Reitteam nach eng Kéier villmols Merci!

Mettwochs ware mir mat 39 Kanner an de Beetebuerger Park.Mat sou vill ware mir nach nie ennerwee ma si waren all sou léif dass daat iwwerhapt kee Problem war. Mir freen eis op d’nächst Joer!

Donneschtes hu mir zu Miersch op der Haard Geocaching gemach. Mam GPS hu mir no engem Dinosaurierschatz gesicht. Niervt Dinosaurier, Dinospueren, Höhlemenschen an diverse Käferen, Bengelen a Blieder hu mir de Schatz schliesslech fonnt a bis op e puer Grimmelen ass naischt dovun iwwereg bliwwen 🙂

Méi Fotoen fannt Dir an eiser Fotogallerie