An der Fuesvakanz haten mir nees flott Vakanzenaktiviteiten. Mettwochs waren mir matt 18 Kanner an Piscine Krounebierg, wou sie rutschen, planschen an spillen konnten.

Wei all Joers an der Fuesvakanz stoungen och nees eis Wantersportaktivitéiten um Plang. Donneschdes waren mir matt 45 Kanner ob Schlittschungspiste Beaufort. Et huet immens Spaß gemach. Och d’Kanner dei fir d’eischte Keier dabei waren hun sech gutt geschloo!

Zu Amnéville waren mir matt 35 Kanner. Och hei waren vill Kanner dabei, dei nach nie Ski gefuer sin. Sie hun awer immens schnell geleiert an konnten zum Schluss och den Bierg alleng erof fueren. D’Kanner dei schon fueren konnten, hun sech um groussen Bierg gutt amuseiert!

D’Fotoen vum Ausfluch fannt dir hei: Fotogallerie Fuesvakanz 2018