Informatiounen

En klengen Iwwerbléck iwwer “Fit Kanner Miersch”

Am Joër 2009 ass d’a.s.b.l Fit Kanner Miersch als Kooperatioun vun der Sportskommissioun Miersch an dem Sportministère gegrënnt ginn. Bis haut huet sech dese Projet ëmmer weider entwéckelt.
Mëttlerweil sinn knapp 200 Kanner teschent 3 an 12 Joër aus der Gemeng Miersch an Emgéigend ugemellt an och die zwou Maison Relais’en vu Miersch huelen mat insgesamt ronn 200 Kanner deel. Sait Oktober 2015 mecht och d’Butzenhaus vu Rolleng bei FKM mat.
Och hu mir vill Sportverainer vu Miersch als Partneren (FC Marisca, Handball Club 75, Black Star Mersch, Dëschtennis Recken an de Judo@Mersch) mat deenen mir gelegentlech zesummen schaffen.
Fit Kanner Miersch bidd verschidde Kueren no der Schoul un an außerdem flott Ausflich an Aktivitéiten an de Vakanzen.

Eis Haapt Zieler sinn an éischter Linn:

  • d’Motorik vun de Kanner ze verbesseren
  • d’Kanner vir de Sport ze begeeschteren
  • d’Kanner laangfristeg ze motivéiren vir an e Sportverain ze goen

Kanner di Sport machen profitéiren awer och nach vun allgemenge Virdeeler:

  • si fannen nei Kollegen
  • si sinn méi selbstsecher
  • si hunn eng besser Haltung
  • si reduzéiren hire Risiko iwwergewiichteg ze ginn
  • si léiren nei Grenzen ze iwwerwannen
  • si léiren ze verléiren an ze gewannnen

Aktivitéiten:
D’Aktivitéiten bei Fit Kanner Miersch variéiren regelméisseg a sinn dem Alter ugepasst, sou dass d’Kanner vill verschidde Sportarten kenne léiren, déi an hiere Méiglechkeete leien. Sou kennen sie rausfannen waat hinnen am Beschte gefällt.
Mat deene Klengen (3-6 Joër) mache mir vill Koordinatiounsparcourse, kleng Spiller mat an ouni Ball oder Waasserspiller an der Schwämm.
Vir déi Grouß (ab 7 Joër) bidde mir Mannschaftsportarten an Eenzelsportarten grad sou wéi och nei Sportarten (Headis, Slackline) un.

An de Vakanzen mache mir méi extra Aktivitéiten, wie Schlittschong oder Ski fueren, kloteren, wanderen etc.
Um Schluss vum Schouljoër organiséire mir zesummen mat der Maison Relais Krounebierg an Nic Welter d’Summeraktivitéiten.