Historique

Am Joer 2009 ass d´a.s.b.l. Fit Kanner Miersch als Kooperatioun vun der Sportskomissioun Miersch an dem Sportministère gegrennt ginn. Bis haut huet sech dese Projet emmer weider entwéckelt. Mettlerweil sinn iwwer 200 Kanner teschent 3 an 12 Joer aus der Gemeng Miersch an Emgéigend ugemellt. Och die zwou Maison Relais vu Miersch huelen matt knapp 100 Kanner deel. Sait Oktober 2015 ass och d´Butzenhaus vu Rolleng bei FKM dabei. An Zesummenarbescht mat den Mierscher Sporverainer (FC Marisca, Handball Club 75, Black Star Mersch, Deschtennis Recken, Judo@Mersch) bidden mir geleegentlech Schnupperkueren fir d´Kanner un.

 

Eis Zieler

 

  • d'Motorik vun de Kanner verbesseren
  • d’Kanner vir de Sport ze begeeschteren
  • d'Kanner motivéieren fir langfristeg an e Veräin ze goen

Kanner dei Sport machen:


  • fannen nei Kollegen
  • sinn méi selbstsecher
  • hunn eng besser Haltung
  • reduzéiren hiere Risiko iwwergewiichteg ze gin
  • léiren nei Grenzen ze iwwerwannen
  • léiren gewannen an och verléiren

Eis Aktivitéiten

D´Aktivitéiten bei Fit Kanner Miersch variéiren regelméisseg a sinn dem Alter ugepasst, sou dass d´Kanner vill verschidde Sportarten kenneléiren, dei an hiere Méiglechkeete leien. Matt deene Klengen (3-6 Joer) mache mir vill Koordinatiounsparcourse, kleng Spiller mat an ouni Ball um Airtramp oder Waasserspiller an der Schwämm. Vir dei Grouß (ab 7 Joer) bidde mir Mannschaftsportarten an Eenzelsportarten, grad sou wéi och nei Sportarten un.
An de Vakanzen mache mir extra Ausflich, wei z.b. Schlittschong, Ski fueren, kloteren oder Schnupperstage matt de Mierscher Sportverainer.

Zesummenarbescht Fit Kanner Miersch & Inter-Actions

Fit Kanner Miersch ennerstetzt Inter-Actions mat sportlechen Atelieren matt an ouni Ball, dei all Freides an der Maison Relais Krounebierg an all Donneschdes an der Maison Relais Nic Welter an der Mettesstonn stattfannen. Dei ugebueden Aktivitéiten sin z.b. Zeitparkueren, Spiller matt Ball, Trotinetten, Boxen, Barren oder Trampolin.. Zum Schluss vum Joer organiséire mir zesummen mat den 2 Maison Relais d´Summeraktivitéiten.