An der Ouschtervakanz haten mir dest Joer nees eng ganz Reih flott Aktivitéiten.
Densdes huet eis den Klammspann Ettelbruck eng flott Klamm-Aktivitéit organiseiert. Hei kruten sie gewisen, wei een den Gurt undeet, wei een den Achter-Knuet mecht an wei een aner Leit sechert. Zwee an Zwee sinn sie geklomm an hun sech geigenseiteg gesechert. Sie hun sech gutt geschlo an sin wieklech immens gutt geklomm. Den Freiden haten mir eng Reit-Aktivitéit, dei wei all Joers immens gutt bei den Kanner ukomm ass. Insgesamt waren et 30 Kanner dei matt dabei waren. Sie konnten Pärd botzen, fidderen, den Suedel undoen an natielech och reiden.

 

An der zweeter Woch waren mir matt 37 Kanner ob Veianen an den Kloterpark. Wei all Joer hunn Kanner sech hei gutt amuseiert.

Zesummen matt denen klengen Kanner vun der Maison Relais hun mir am Mierscher Park eng Schatzsuche gemach.
Matt Hellef vum GPS hun sie dei verschidden Schätz gesicht, alleguer fonnt an och alles giess 😉 Dest Joer haten mir och 1 Ekipp beim Völkerball-Tournoi vum Sportkrees Atert dabei. Sie hunn sech gutt geschloen an konnten eng gutt 6. Platz ereeschen.

 
Um Enn vun der Vakanz konnten dei Kleng nach alles austesten wat Rieder hatt an rullen konnt (z.b. Trotinetten, Flitzi..).
Fir dei Grouss haten mir nach 2 Schnupperstagen. Emol mam Handball Club vun Miersch an emol mam Squash Club Ettelbruck. Beim Handball waren mir zesummen matt engem Grupp vun der Maison Relais zu insgesamt 17 Kanner. Mir soen dem Handball nachengkeier villmols Merci fir dei flott Aktivitéit. Fir all d’Kanner war et dei eischte Keier wou sie Squash gespillt hun. Sie kruten vum Trainer gewisen wei een d’Raquette hält, wei een en “Drive” oder en “Drop” spillt an zum Schluss hun sie nach Matcher gespillt. Och hei nach engkeier en groussen Merci un den Squash Club Ettelbruck.

 

 

 

 

Hei fannt dir all Fotoen vun der Ouschtervakanz: Fotogallerie