An der Päischtvakanz war Fit Kanner Miersch ob Iechternach matt 20 Kanner an eng Sportskolonie. Mir waren matt den Kanner klammen, mir hun Beachvolleyball gespillt an sin um Trampolin gesprong. Den zweeten Dag waren mir d’Kuelscheier besichtegen, eng 100m lang Fielsenschlucht dei stackdeischter ass. D’Fotoen vun der Kolonie fannt dir an eiser Fotogallerie.

Matt denen Klengen waren mir Mamerlayen kuken. Sie hun missen duech deischter Höhlen krauchen an hun zum Schluss nach en Piratenschatz fonnt.

Um leschten Dag vun der Vakanz stoungen Velos-Aktivitéiten um Programm. Dei Grouss sin mam MTB duerch den Besch gefuer an dei Kleng ob der Velospiste.

All d’Fotoen fannt dir an eiser Fotogallerie.