Summeraktivitéiten 2017

Och dest Joer hun mir nees zesummen matt der Maison Relais Krounebierg & Nic Welter d’Summeraktivitéiten organiseiert. Mir haten dest Joer nees immens vill Kanner déi mattgemach hunn.

Fir d’eischte Keier hunn mir och een Ausfluch matt den Summeraktivitéiten gemach. Mir waren op Huelmes an ob Lorentzweiler, wou mir flott Aktivitéiten ugebueden kruten an Mettes zesummen gegrillt hunn.

Wei all Joer hunn mir d’Summeraktivitéiten an domatt och d’Schouljoer mam Ofschlossfest ausklengen geloos.
Mir soen den Kanner, den Elteren an den Maison Relais’en villmols Merci fir dat flott Joer an dei gutt Zesummenarbescht.
Mir freeën eis ob d’Schouljoer 2017/2018.