Skip to main content

Fit Kanner Miersch

Historique


Am Joer 2009 ass d´a.s.b.l. Fit Kanner Miersch als Kooperatioun vun der Sportskomissioun Miersch an dem Sportministère gegrennt ginn. Bis haut huet sech dese Projet emmer weider entwéckelt. Mettlerweil sinn iwwer 200 Kanner teschent 3 an 12 Joer aus der Gemeng Miersch an Emgéigend ugemellt. Och die zwou Maison Relais vu Miersch huelen matt knapp 100 Kanner deel. Sait Oktober 2015 ass och d´Butzenhaus vu Rolleng bei FKM dabei. An Zesummenarbescht mat den Mierscher Sporverainer (FC Marisca, Handball Club 75, Black Star Mersch, Deschtennis Recken, Judo@Mersch) bidden mir geleegentlech Schnupperkueren fir d´Kanner un.

Logo Fit Kaner Miersch

Eis Ziler


  • d'Motorik vun de Kanner verbesseren
  • d’Kanner vir de Sport begeeschteren

  • d'Kanner motivéieren fir langfristeg an e Veräin ze goen

Kanner dei Sport machen...:

  • fannen nei Kollegen
  • sinn méi selbstsecher
  • hunn eng besser Haltung
  • reduzéieren hire Risiko iwwergewiichteg ze gin

  • léieren nei Grenzen ze iwwerwannen

  • léieren gewannen an och verléieren

Eis Aktivitéiten


D´Aktivitéiten bei Fit Kanner Miersch variéieren regelméisseg a sinn dem Alter ugepasst, sou dass d´Kanner vill verschidde Sportarten kenneléieren, déi an hire Méiglechkeete leien. Matt deene Klengen (3-6 Joer) mache mir vill Koordinatiounsparcourse, kleng Spiller mat an ouni Ball um Airtramp oder Waasserspiller an der Schwämm. Vir dei Grouß (ab 7 Joer) bidde mir Mannschaftsportarten an Eenzelsportarten, grad sou wéi och nei Sportarten un.

An de Vakanzen mache mir extra Ausflich, wei z.b. Schlittschong, Ski fueren, kloteren oder Schnupperstage matt de Mierscher Sportverainer.

Zesummenarbescht Fit Kanner Miersch & Inter-Actions


Fit Kanner Miersch ennerstetzt Inter-Actions mat sportlechen Atelieren matt an ouni Ball, dei all Freides an der Maison Relais Krounebierg an all Donneschdes an der Maison Relais Nic Welter an der Mettesstonn stattfannen. Dei ugebueden Aktivitéiten sin z.b. Zeitparkueren, Spiller matt Ball, Trotinetten, Boxen, Barren oder Trampolin.. Zum Schluss vum Joer organiséire mir zesummen mat den 2 Maison Relais d´Summeraktivitéiten.

Eis Partner


An Zesummenaarbecht mat den Mierscher Sportsveräiner bidden mir den Kanner reegelméisseg Schnupperstagen un.

Esou kennen d´Kanner déi verschidden Sportaarten kennen leieren a kréien een Abléck an den Trainingsoflaf.

Wann si Spaß un der Sportaart hunn, hunn d´Elteren Méiglechkeet direkt sur Place Kontakt matt den Traineren vum Veräin opzehuelen.

Kontakt


FIT KANNER MIERSCH a.s.b.l.
BP 93 – L-7501 Mersch
Tél: 32 50 23 255
GSM: 691 854 372
E-mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Logo Fit Kaner Miersch