Skip to main content

Fit Jugend Miersch

Fit Jugend Miersch riicht sech u Jugendlecher vun 12* bis 16 Joer, déi Loscht hunn, hir Schoulvakanzen aktiv, sportlech a mat vill Spaass ze verbréngen.

Eist Zil ass et, de Jugendlechen eng ofwiesslungsräich Fräizäit ze bidden, bei där Beweegung, Teamgeescht an nei Erliefnesser am Mëttelpunkt stinn. Um Programm stinn ënner anerem spannend Ausflich, sportlech Aktivitéiten an eenzegaarteg Aventuren, bei deenen de Spaass an d'Gemeinschaft net ze kuerz kommen.

Egal ob Action, Natur oder nei Erausfuerderungen – bei Fit Jugend Miersch ass fir jiddereen eppes dobäi. Dobäi kënnen déi Jugendlech nei Frëndschafte knäppen, zesummen onvergiesslech Momenter erliewen an hir Fräizäit aktiv gestalten.

D'Aktivitéite ginn am Laf vum Joer op eiser Homepage publizéiert. Hei fannt Dir och all Informatiounen iwwer d'Programmer, d'Datumer an d'Umeldungen.

Mir freeën eis, Iech bei Fit Jugend Miersch begréissen ze kënnen!

Kontakt

Benny BRESCH

+352 691 724 850
Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Aschreiwung bei Fit Jugend Miersch

Schreift Iech elo an fir d'Vakanzenaktivitéiten vu Fit Jugend Miersch.

Aktivitéiten

FAQ

Tariffer

Cotisatioun fir d'Schouljoer 2025/2026

40€ fir Jugendlecher aus der Gemeng Miersch
60€ fir Jugendlecher aus anere Gemengen

Fir gréisser Aktivitéiten kann zousätzlech eng kleng finanziell Participatioun fir Transport an Entrée ufalen.

Aschreiwung

D’Aschreiwung bei Fit Jugend Miersch ass gëlteg soubal d’Cotisatioun ob de Konto vun « FIT KANNER MIERSCH a.s.b.l .» iwwerwisen gouf: LU12 0030 8732 0949 0000 (BGLLLULL) mam Betreff „Fit Jugend Miersch + Numm vum Jugendlechen“