Skip to main content

Fit Jugend Miersch

Fit Jugend Miersch ass e Projet fir Jugendlecher vun 12* bis 16 Joer. Säit dem Schouljoer 2022/23 bidde mir hinnen e breet Angebot un Aktivitéiten an de Schoulvakanzen un.

Ob flotten Ausflich wéi Skifueren oder Stand-Up-Paddling ass de Spaß an Adrenalin garantéiert.

Am Laf vum Joer proposéiere mir och Aktivitéiten a Kooperatioun mat de Mierscher Sportveräiner. Dëst ass déi perfekt Méiglechkeet fir nei Sportaarten ze entdecken a nei Frënn kennen ze léieren.

*Fir Jugendlecher déi am Lycée sinn

Kontakt

Benny BRESCH

+352 691 724 850
Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Aschreiwung bei Fit Jugend Miersch

Schreift Iech elo an fir d'Vakanzenaktivitéiten vu Fit Jugend Miersch.

FAQ

Tariffer

Cotisatioun fir d'Schouljoer 2023/2024

40€ fir Jugendlecher aus der Gemeng Miersch
60€ fir Jugendlecher aus anere Gemengen

Fir gréisser Aktivitéiten kann zousätzlech eng kleng finanziell Participatioun fir Transport an Entrée ufalen.

Aschreiwung

D’Aschreiwung bei Fit Jugend Miersch ass gëlteg soubal d’Cotisatioun ob de Konto vun « FIT KANNER MIERSCH a.s.b.l .» iwwerwisen gouf: LU12 0030 8732 0949 0000 (BGLLLULL) mam Betreff „Fit Jugend Miersch + Numm vum Jugendlechen“