Skip to main content

Nuit du Sport: Miersch ass dobai!

Et ass déi 13. Editioun vun der Nuit du Sport am Land. A fir déi éischte geet Miersch un de Start.

Nds2

 

De Samschden, 11. Juni, invitéiere mir Iech ënnert dem Motto ,,Gesond iessen, Méi bewegen’’ (GIMB), op e flotten Dag, gefëllt mat Sport a Spaass! Zesumme mat zéng Clibb an Associatiounen aus eiser Gemeng proposéiere mir Iech eng grouss Auswiel u klassesche Sportaarten, ewéi Futtball, Handball oder Tennis, an originellen Disziplinnen ewéi Spikeball oder Tabata, déi dir schonn ëmmer ausprobéiere wollt.

Markéiert Iech d’Nuit du Sport 2022 elo grouss am Kalenner an huelt deel un eisem flotte Programm fir Grouss a Kleng.
 
Eise Programm fannt Dir op: