Skip to main content

Fit Jugend (12-16 Joer)

  • news

Ab der Ouschtervakanz proposéiere mir Aktivitéiten fir Jugendlecher vun 12* - 16 Joer. (*Fir Jugendlecher déi am Lycée sinn).

Mir bidden hinnen an de Schoulvakanzen e breet Angebot u bekannten mee och méi speziellen Sportaarten an Aktivitéiten un. Dobäi kommen Kooperatiounen mat den eenzelen Mierscher Sportveräiner. 

Aschreiwen kann een sech ganz einfach iwwert eise Site: ASCHREIWUNG

D'Cotisatioun vir een halleft Joer léit bei 20€ vir Jugendlecher aus der Mierscher Gemeng, an 30€ vir Jugendlecher aus enger anerer Gemeng.

 An der Ouschtervakanz si folgend Aktivitéiten geplangt:

  • Méinden:       03.04 Ski zu Amnéville an der Skihaal
  • Freiden:         07.04 Lasergame zu Ettelbréck
  • Dënschden:   11.04 Hochseilgarten zu Steinfort

 Weider Informationen zu den Aktivitéiten fannt dir hei: FIT JUGEND MIERSCH